Bestellt wat Dir braucht


Wat solle mer haut maachen? Braucht Dir ee Logo, eng Brochure oder Bréifpabeier? Oder vläicht eppes digitales, wéi eng Websäit? Är absolut Zefriddenheet geet fir mech vir, an Design ze liwweren déi Äre Besoine entsprécht. Mellt Iech einfach bei mir mat Ärem Projet an mir maachen eppes draus.


Bezuelt wat Dir wëllt


Wat kascht Design? Schwéier Fro. A Wierklechkeet heescht et – wat ass Design Wärt? Iech, Ärem Betrieb, Ärer Marque oder Äre Clienten? Direkt bei der Ofnahm vun Ärem Projet schätzt Dir meng Aarbecht, d'Qualitéit vum Service an eis Bezéiung op Dauer, a bezuelt da wat och ëmmer dat Iech Wärt ass.


Esou einfach ass dat


D'ganzt Konzept vu GRAFIK berout op engem einfache Workflow, effizient E-Kommunikatioun a kuerz Produktiounszäiten. Falls Äre Projet awer vu grousser Envergure ass oder Dir mengt dass mir Detailer an Persoun sollten duerchhuelen, da kenne mir eis natierlech treffen! Ech bréngen 20 Joer Erfahrung matt.


Wat solle mer haut maachen?

I also speak English.
Je parle aussi le français.
Ich spreche auch Deutsch.

Säit dem ech zu Paräis meng Studien an der Branche ofgeschloss hunn (CFT Gobelins, Paris 13), hunn ech iwwer 20 Joer Erfahrung gesammelt an all Genre Client betreit, vum klenge lokalen Händler bis zur grousser Multinational. Mir ass et wichteg Projete vun héchster Qualitéit ze realiséieren an awer kuerz Produktiounszäiten an eng effizient Kommunikatioun ze garantéieren.

Kontaktéiert mech

Per Email

info (at) grafik.lu

 

Iwwer Handy

+352 621 31 11 11

 

Per Post

GRAFIK
Sebastian Kostka
11, Nacherwee
L-9644 Dahl

Numm (néideg)

Email (néideg)

Noriicht